arrow_back_ios
Kultur
Louvre Abu Dhabi
De Louvre Abu Dhabi soll den 11. November dëst Joer seng Dieren opmaachen. Dat huet déi franséich Kulturministesch Françoise Nyssen gëschter op enger Pressekonferenz an de Vereenten Arabeschen Emirater verkënnegt. De Projet ass duerch en Accord tëschent der franséischer an der emiratescher Regierung entstanen a vum franséischen Architekt Jean Nouvel realiséiert ginn.