arrow_back_ios
Kultur
All The President's Men, vum Alan J. Pakula
De Binom gëtt am Summerprogramm vun der Cinemathéik gefeiert: d'Iddi vum Duo oder vun der Koppel, an alle Varianten, a queesch duerch d'Filmgeschicht. D'Geschicht vum faméise Journalisten-Duo Bob Woodward a Carl Bernstein vun der Washington Post, déi dee sougenannte Watergate-Skandal public gemaach hunn, gëtt am Alan J. Pakula sengem Film "All The President's Men" erzielt. D'Cléo Thoma mat Hannergrënn.