arrow_back_ios
Kultur
Rudi Erebara - The Epic of the Morning Stars
D'Liewen vun engem Moler ënnert dem Regimm vum Enver Hoxha ass de Sujet am Rudi Erebara sengem Roman "The Epic of the Morning Stars." De Schrëftsteller, deen dëst Joer mam European Union Prize for Literature ausgezeechent gouf, huet dem reelle Personnage, dem Kënschtler Edison Gjergo säi Wierk ënnert d'Lupp geholl, fir déi politesch Situatioun an Albanien an den 80er Joren ze beschreiwen. Den Erebara huet och säi Roman nom Gjergo sengem Bild betitelt. E Bäitrag vum Valerija Berdi.