Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Metal Meltdown

100komma7.lu / Metal Meltdown

/ Satyricon & Arch Enemy

Satyricon & Arch Enemy

Satyricon

Deep Calleth Upon Deep - sou heescht den neien Album vu Satyricon, deen den 22. September bei Napalm erauskënnt, an och déi éischt Single, déi d'Norwegesch Kult-Band well virgestallt huet. Kléngt bëssen ongewéinlech, ma nodeems ech d'Lidd puer mol gelauschtert hunn, hunn ech et richteg gutt fonnt.. Firwat d'Band nees hire Stil gewiesselt huet, wat den Titel vum Album eigentlech bedeit, an op dat heiten elo wierklech dem Satyr säi leschten Album ass oder ob den Album en Neiufank fir d'Band duerstellt, hunn ech probéiert am Interview mam Drummer Frost erauszefannen

Release vun der Woch: Arch Enemy - Will to Power (6,5/10)

Arch Enemy gehéieren zu deene Bands, déi kommerziell gesinn ëmmer méi grouss ginn, dobäi leider Songwriting-technesch de Ball zimlech flaach halen.. Wahrscheinlech ass dat d'Rezept fir einfach méi Massen unzeschwätzen. Verstitt mech net falsch, och déi méi rezent Lidder vun der Band si gutt geschriwwen a professionell produzéiert, mä et feelt mer einfach dat speziellt, wat se nach op hiren éischten Albumen haten. Leider ass och den neien Album Will to Power, deen haut 8 Deeg bei Century Media erauskënnt, keng Ausnam. D'Band fiert mam Trend, mat deem si zënter enger Zäitchen amgaange sinn, virun.

Scho bei der éischter Single, déi d'Melodic Death Metaller erausbruecht haten, The World is Yours, war ech nëmme wéineg beandrockt. E Lidd, wat dofir, dass et wierklech net spannend ass, vill ze laang ass, mat den typeschen 0815 Arch Enemy Riffer a Melodien.

Wéi gesot, et ass alles immens gutt ëmgesat; an d'Melodie bleift och direkt am Kapp hänken, mä et kléngt einfach ze vill recycléiert, wéi wann een dat well op 10 aneren Arch Enemy Albumen héieren hätt. Dee selwechte Programm leider bei der zweeter Single, The Eagle flies alone..

Meng Begeeschterung huet sech also a Grenze gehalen, wéi ech den Album kritt hunn.



Éierlech gesot, sinn déi éischt puer Stécker guer net mol sou schlecht. Nodeems den Intro Set fire to the Night ee beweegt d'Fäischt an d'Luucht ze geheien geet et mat The Race a vill Geknëppels virun. Allerdéngs sinn och hei d'Riffer zimlech einfach gehal, ma d'Soloe sinn awer düster an d'Sängerin Alissa White-Gluz growlt gekonnt wéi ëmmer. Ähnleche Programm mat Blood in the Water.

Och wat den Text ugeet, sinn Arch Enemy dës Kéier nees zimlech generesch a platt.

Natierlech rockt den Album, ëmmerhi sinn hei Professioneller um Wierk, déi well iwwer 20 Joer Musek maachen, ofgesi vun der Sängerin, mä dobäi ass déi mol definitiv net de schwaachste Member an der Band. Ma et wier cool gewiescht, wann déi eng oder aner Iwwerraschung drop gewiescht wier.

Leider guer net zum Zoch ass den neie Gittarist Jeff Loomis komm; dat gesamt Material gouf am Alleingang vum Michael Ammott geschriwwen. Ech si mer sécher, et hätt dem Album gutt gedoen, wann de Loomis och hätt kënne säin Deel zum Songwriting bäidroen..

Fans, deenen Iwwerraschungen egal sinn an déi och mat engem War Eternal 2.0 zefridde sinn, kënne sech den Album gären zouleeën, agefleeschten Arch Enemy Fans, déi nach ëmmer deenen ale Saache vun der Band notraueren, wäerte vun dësem Album enttäuscht ginn.

Playlist

Pantera - Living Through Me (The Great Southern Trendkill; EastWest; 1996)

Trivium - The Heart from your Hate (The Sin and the Sentence; Roadrunner; 2017)

Satyricon - Deep Calleth upon Deep (Deep Calleth Upon Deep; Napalm; 2017)

The Black Dahlia Murder - Nightbringers (Nightbringers; Metal Blade; 2017)

Fleshkiller - Warfare (Awaken; Facedown; 2017)

Primitive Man - My Will (Caustic; Relapse; 2017)

Arch Enemy - The Eagle flies alone (Will to Power; Century Media; 2017)

Road to Jerusalem - Under your Skin (Single; /; 2017)

Kraton - Tyrant (World Eater; Independent; 2015)

Episoden