Kultur
Arundhati Roy - The Ministry of Utmost Happiness
U sech ass d'Arundhati Roy fir hir Essayen an hiren antiimperialisteschen an antimilitäreschen Asaz bekannt. Nom groussen Erfolleg 1997 mat hirem Roman "The God of Small Things" wollt si och keng Prosa méi schreiwen. Gutt, datt si dëse Virsaz net agehalen huet a mat hirem neien Roman de LieserInnen net just eng immens humanistesch Erzielung, mä och en Abléck an dat komplext Zesummeliewe vun de verschiddenen Ethnien, Reliounen an Traditiounen an Indien erméiglecht. Déi politesch, ekonomesch a kulturell Dimensiounen, déi d'Arundhati Roy an enger ganz poetescher Sprooch mat hire Figuren zesummeflecht, suergen fir eng léierräich an intensiv Lecture, fënnt d'Valerija Berdi.