arrow_back_ios
Kultur
Eng Tendenz fir dat Extremt: de Werner Herzog
Méi wéi 60 Filmer, déi op senger Websäit akribesch opgelëscht sinn, eng Dose Bicher, e gudde Grapp voll Operen-Inzenéierungen, an och deen een oder aneren Optrëtt als Acteur: den däitsche Cineast a Produzent Werner Herzog kann op eng Carrière zréckkucken, déi vill Imposantes ervirbruecht huet. D'Cléo Thoma zeechent säi Portrait.