arrow_back_ios
Kultur
"Paysage avec Pêcheur" vum Douanier Rousseau: "Du jamais vu!"
Mysteriéisen Don un de Musée d'Art Naïf vu Laval: dëse Musée, deen ëmmerhin an der Gebuertsstad vum Papp vum Mouvement Naïf an der Konscht, dem Douanier Rousseau steet, konnt bis elo nëmmen dräi Tableaue vum haut berühmte Kënschtler ausstellen. Doriwwer war eng Persoun, déi Ufank August de Musée besicht hat, esou enttäuscht, datt si kuerzerhand dem Musée anonym e Bild, dat dem Rousseau attribuéiert gëtt, geschenkt huet. Explikatioune vum Cléo Thoma.