arrow_back_ios
Kultur
A Whiter Shade of Pale
Déi britesch Rockband Procol Harum konnt 1967 hire groussen Duerchbroch mam Song "A Whiter Shade op Pale" feieren. An England, an Australien an a Kanada huet dëse Song d'Plaz Nummer Eent vun den Charts erreecht. Insgesamt gouf d'Single weltwäit iwwer sechs Millioune mol verkaf. Ee vun de Grënn, firwat dëse Song esou ee Succès hat, ass, datt en op engem Stéck aus dem Barock baséiert. Mä geet dat esou wäit, datt ee vun engem Plagiat schwätze kann? De Luc Boentges huet mam Manuel Ribeiro iwwer dëst Thema diskutéiert.