arrow_back_ios
Kultur
Feliz aniversário António Lobo Antunes!
Seng Literatur ass kee liichte Kascht an dat soll se och net sinn. Mat sengem éischten, staark biographesche Roman iwwer seng Zäit als Militärdokter am Angola, "Memória de Elefante", ass hien bekannt ginn. Dës Erliefnisser an Erënnerunge mat alle Konsequenzen, grad wéi säi Beruff als Psychiater sinn ëmmer erëm d'Themen a senge Wierker. D'Valerija Berdi iwwer den António Lobo Antunes, deen haut seng 75 Joer feiert.