arrow_back_ios
Kultur
Métiers d'antan et travail manuel
Déi fotografesch Zäitrees fänkt am fréien 20. Joerhonnert un an hält 2017 op. D'Krisen an d'Embrëch, déi an dësem groussen Zäitraum prägend waren, haten och hiren Afloss op d'Beruffswelt. Den etapperäiche Wandel vun der Aarbecht als Mëttel zum Iwwerliewenszweck zum Job, deen de Liewensinhalt ausmécht, gëtt ënnert anerem mat enger ganzer Rei Schmockstécker aus dem Archiv vun der Photothéik illustréiert. D'Anne Schaaf war luussen.