arrow_back_ios
Kultur
Clervaux Cité de l'image
De Projet Clervaux Cité de l'image gëtt et zënter 2009 a besteet aus siwe verschiddene Bildinstallatiounen, déi queesch duerch Klierf verstreet sinn. "Contes d'Images" heescht d'Saison 2017/2018. Déi ausgestallten Aarbechte gi virun allem Andréck vum Erzielpotential vun der Fotografie. De Chris Zeien war kucken a krut vun der Justine Blau, Responsabel fir d'relations publiques, Explikatiounen iwwer déi ausgestallte Wierker.