Radioen

On air

Sot Emol  |  Dominique Santana: Konscht a Geschicht

play_arrow Live
arrow_back_ios

Metal Meltdown

100komma7.lu / Metal Meltdown

/ Blind Guardian

Blind Guardian

headphones

60 min

Lauschteren play_arrow

Release vun der Woch: Blind Guardian - Live Beyond The Spheres (8/10)

Zweeanhallef Joer no hirem leschte Studio-Album Beyond The Red Mirror resuméiere Blind Guardian hir massiv Tour mat engem neie Live-Album. Live Beyond The Spheres nennt e sech an et gëtt en als dräifach CD oder Véierfach Vinyl. Ähnlech wéi bei anere Live Release vun de Krefelder gëtt et op Live Beyond The Spheres och net nëmmen ee Concert, mä Matschnëtter vun enge 15 verschiddene Concerten, déi si op hirer Europa-Tour 2015 gespillt hunn. Dobäi gëtt et zwouanhallef Stonne Programm, mat engem gudde Mix aus méi neie Stécker wéi Prophecies oder Wheel of Time an natierlech de Klassiker à la Lord of The Rings oder Valhalla

Wie Blind Guardian op där Tour erlieft huet, huet matkritt, dass d'Stécker vu Beyond The Red Mirror extrem gutt live funktionéieren. An d'Muecht, déi dës nei Stécker live ausstrahlen, kënnt um Live Album och extrem authentesch eriwwer.



Och de Sound ass fir Blind Guardian Verhältnisser zimlech réi an net vill poléiert, sou wéi et op engem Live Album si soll. D'Performance vun der Band ass makellos, virun allem de Frontmann Hansi Kürsch brilliéiert wéi gewinnt an all Tounlag

Duerch den Zesummeschnëtt vu verschiddene Concerten fléisst den Album natierlech net esou, wéi wann et just ee Concert wier. Virun allem tëscht de Lidder fält dat natierelch op. Am grousse ganzen ass de Mix awer gutt gelongen

Fir Fans ass et op alle Fall een Album fir an d'Sammlung, ma och fir Leit, déi Blind Guardian net kennen ass en ideal, well en eben e gudden Iwwerbléck iwwert d'Carrière vun der Band liwwert.

Playlist

System of a Down - Prison Song

Brant Bjork - Controllers Destroyed

Rhino - I See Monsters

The Haunted - Spark

Insanity Alert - Pact With Satan

End of Green - Send in the Clowns

Blind Guardian - Mirror Mirror (Live)

Adimiron - The Sentinel

Russkaja - Mare Mare

Roxin Palace - Monsters Love

Episoden