Radioen

On air

Sot Emol  |  Dominique Santana: Konscht a Geschicht

play_arrow Live
arrow_back_ios

Metal Meltdown

Release vun der Woch: Accept - The Rise of Chaos (8/10)

Um Wacken dëst Joer hunn déi däitsch traditionell Heavy Metal Legende vun Accept hiren neien Album presentéiert. An de 4. August 2017 koum deen och eraus. The Rise of Chaos heescht dat gutt Stéck, et ass de 15. Album vun de Solinger an den éischten mam neien Drummer Christopher Williams an dem neie Gittarist Uwe Lulis. Um Gesang ass nees de Mark Tornillo, an domat huet dee lo genau sou vill Albume vun Accept gefrontet wéi den Udo Dirkschneider.

Och wann d'Band an der Tëscht 40 Joer al ass, kënnen Accept labber mat méi neien oder méi jonke Bands mathalen - sou vill Energie bréngen si op The Rise of Chaos eriwwer. Direkt am Opener Die By The Sword séngt e jäitzt den Tornillo jiddereen un, dass engem d'Ouere wech fléien an dat mat enger Treffsécherheet, immenser Kraaft a Präsenz. Dovunner kéinte sech vill méi jonk Sänger nach eppes ofkucken.

Och wann et duerno mat Hole in the Head méi lues viru geet, ass déi ursprünglech däitsch Band trotzdem mat hire seeënde Gittaren an hire fulminante Soloe schéin heavy.



Iwwert de ganzen Album geet et mat vill Ofwiesslung virun, et gëtt ëmmer nees gewiesselt tëscht schnellen Deeler a groovege Lidder, a suerge sou dofir, dass keng Langweil opkënnt. A mat esou Stécker wéi No Regrets knäppen Accept mat fette schwéiermetallesche Gittaren, mächtege Männer-choueren am aggressive Refrain a mat enger dramatescher Bréck ouni Problemer un al Klassiker un.

An eng Referenz u fréier Zäite gëtt et am Chorus vun Analog Man och, well een hei genee "Balls to the Wall" ka matsangen.

Fett a mat der Fauscht an der Luucht - op mannst wa se dat live spillen - geet et mat What's Done is Done virun; a mat Worlds Colliding weise sech Accept och emol vun hirer emotionaler Säit a mat der Héngerhautfinale gëtt de Quintett nach emol alles.

Mat Rise of Chaos beweisen Accept, dass een och no 40 Joer Bandgeschicht nach ëmmer relevant ka sinn.

Playlist

Sepultura - Refuse, Resist (Chaos A.D.; Epic/Sony; 1993)

Trivium - The Sin And The Sentence (Single; Roadrunner; 2017)

August Burns Red - Invisible Enemy (Phantom Anthem; Fearless; 2017)

Decipher - L'Or Bleu (Intuition; Independant; 2016)

Der Weg eienr Freiheit - Aufbruch (Finisterre; Season of Mist; 2017)

Tombs - Walk With Me In Nightmares (The Grand Annihilation; Metal Blade; 2017)

Accept - Rise of Chaos (Rise of Chaos; Nuclear Blast; 2017)

Leng Tch'e - Stentor of Doom (Razorgrind; Season of Mist; 2017)

The Great Discord - Darkest Day (The Rabbit Hole; The Sign Records; 2017)

Architects - Nihilist (All our Gods have abandoned us; Epitaph; 2016)

Emperor - Thus Spake the Nightspirit (Anthems to the Welkin at Dusk; Candlelight; 1997)

Episoden