Radioen

On air

De Moien  |  Nubiyan Twist - Lights Out Feat. Nile Rodgers

play_arrow Live
arrow_back_ios

Metal Meltdown

100komma7.lu / Metal Meltdown

/ Return to the Roots & Dawn of Disease

Return to the Roots & Dawn of Disease

Return to the Roots

Enn dës Joers kënnt en neien Album vu Cavalera Conspiracy eraus. Ob déi aktuell "Return to the Roots"-Tour vun de Cavalera-Bridder wuel en Afloss op de Songwriting fir deen Album hat? Eng Äntwert ob ënnert anerem déi Fro gëtt et am Interview mam Igor Cavalera. Donieft geet och riets iwwert seng aktuell Bezéiung mat sengem Brudder Max a wéi si dës Tour bis elo erlieft hunn.

Release vun der Woch: Dawn of Disease - Ascension Gate (6/10)

Dawn of Disease ass eng Band, déi hire melodeschen Death Metal aus enger Mëschung aus schwedeschem Death an dem In Flames Songwriting braut, dobäi sech awer extrem schwéier deet eng eegen Identitéit opzebauen. Alles ass gutt ëmgesat, tight gespillt, mä e Wiedererkennungswäert huet d'Band bis elo net gehat. An dat ass op hirem neien Album Ascension Gate leider och net vill anescht.

Vun Ufank un ass Ascension Gate net allzespannend, just hire Sound huet déi däitsch Melodeath Band bësse verfeinert, wéi an den Ufanksstécker Passage a Perimortal ze erkennen ass.

De säftegen, awer net grad sou buzzege Sound vun der HM-2 Pedall vu Boss, déi virun allem Entombed sou bekannt gemaach haten, ass nach ëmmer do, et ass awer méi melodiéis ginn a mëttlerweil héiert een och bëssen Dismember eraus, ma In Flames ass wuel déi Band, déi sech am beschte eraushéiere léisst, mol dovunner ofgesinn, dass Dawn Of Disease vill méi growlen.



Sou generesch ze sinn, ass natierlech net ëmmer schlecht, ma wann ee schonn dee Wee vun der Onoriginalitéit geet, muss een op mannst Riffer bréngen, déi direkt am Kapp hänke bleiwen, an dat feelt op Ascension Gate leider. Wat een der Band awer urechne muss, dat ass déi wonnerbar Ëmsetzung vun hirer generescher Musek. Et gëtt nämlech Momenter, déi een trotzdem pake kënnen, z. B. bei hiren harmonesche Leads bei de Stécker The Growing Emptiness oder Fleshless Journey.

Keen Aspekt vum Album ass komplett schlecht, d'Riffer si béis an d'Melodie schéin, ma et feelt einfach um Wow Faktor. Doduerch dass Ascension Gate méi melodiéis wéi de Virgänger ass, mécht d'Band den Androck sech weiderentwéckelt ze hunn, ma et gëtt awer näischt wat ervistécht. Et ass een Album, deen ee ka kafen, muss een awer net.

Playlist

Demolition Hammer - Infectious Hospital Waste (Tortured Existence; Century Media; 1990)

Paradise Lost - Blood and Chaos (Medusa; Nuclear Blast; 2017)

Sepultura - Roots Bloody Roots (Roots; Roadrunner; 1996)

Motörhead - Heroes (Motörizer; SPV; 2008)

Cradle of Filth - You Will Know The Lion By His Claw (Cryptoriana - The Seductiveness of Decay; Nuclear Blast; 2017)

Satyricon - Deep Calleth Upon Deep (Deep Calleth Upon Deep; Napalm; 2017)

Dawn of Disease - The Growing Emptiness (Ascension Gate; Napalm; 2017)

Exhumed - Defenders of the Grave (Death Revenge; Relapse; 2017)

Korn - Ass Itch (Life is peachy; Immortal/Epic; 1996)

Episoden