Radioen

On air

Sot Emol  |  Dominique Santana: Konscht a Geschicht

play_arrow Live
arrow_back_ios

Metal Meltdown

100komma7.lu / Metal Meltdown

/ Paradise Lost & The Haunted

Paradise Lost & The Haunted

Paradise Lost

Haut an enger Woch (01.09.2017) kënnt den neien Album vun de Gothic Metal-Grënner "Paradise Lost" eraus. Wat ee sech vum neien Album "Medusa" erwaarde kann, deen d'Band och de 27. September an der Kufa zu Esch wäert virstellen, gidd dir am Interview mam Gittarist Aaron gewuer.

Release vun der Woch: The Haunted - Strength in Numbers (10/10)

Haut koum den neien Album vun der schwedescher Melodic Death Thrash Groove Metal Band The Haunted eraus, "Strength in Numbers". A wann dir iech en nach net virbestallt hutt, da kaaft iech e spéitstens elo - en ass nämlech absolut derwäert an ech wäert iech elo probéieren ze erkläre firwat:

Déi exquisit Riffer, déi et och um Virgänger "Exit Wounds" well gouf, si bliwwen - et gëtt ee vun Ufank u matgerappt, an et ass ee schonn no engem eenzegen Duerchgang vum Album iwwerzeegt. Déi Tracks, déi nom proggeschen Opener kommen, an déi och als Single erauskomm sinn, weisen engem am Fong scho perfekt, wéi den Album viru geet: nämlech mat engem faszinéierende Mix aus bestrofende Riffer a breede, pakende Chorussen. D'Geschwëndegkeet vum Album gëtt doriwwer eraus ëmmer sou gehalen, dass een interesséiert bleift a mécht den Album sou zu engem ganz kuerzweilege Wierk.



"Strength in Numbers" ass een Album, op deem all Track ofliwwert, en ass ofwiesslungsräich, esouwuel am Opbau wéi och an den eenzelne Stécker; d'Lidder si grooveg, aggressiv a melodiéis zugläich an dacks catchy. Dovunner ofgesinn huet d'Band sech a Punkto Songwriting a Performance nach emol gesteigert. Déi intensiv rhythmesch Kraaft vun der Musek, kombinéiert mat der Power vum Marco Aro senge Vocals, fléisst duerch ee mat enger Well un Ouergasmen.

Et gëtt einfach kee Grond dësem Album keng 10/10 Punkten ze ginn! Wann der mir nach ëmmer net gleeft, checkt einfach mol hir neiste Single "Preachers of Death".

Playlist

Hail of Bullets - To Bear The Unbearable (On Divine Winds; Metal Blade; 2010)

Portrait - Mine to reap (Burn the World; Metal Blade; 2017)

Paradise Lost - The Longest Winter (Medusa; Nuclear Blast; 2017)

Samael - Red Planet (Hegemony; Napalm; 2017)

Ensiferum - The Way of the Warrior (Two Paths; Metal Blade; 2017)

Sons of Apollo - Signs of the Time (Psychotic Symphony; InsideOut; 2017)

The Haunted - Preachers of Death (Strength in Numbers; Century Media; 2017 )

Shining (Nor) - Healter Skelter (Live Blackjazz; Indie Recordings; 2011)

Episoden