Kultur
Dogan Akhanli: "Ech hoffen, datt alles gutt ausgeet"
De Lëtzebuerger Schrëftsteller Guy Helminger ass entsat, iwwer déi rezent Verhaftung vum Doğan Akhanli.
Den däitsche Schrëftseller mat tierkeschen Originne war fir kuerz Zäit a Spuenien festgeholl ginn. Zënter e Sonndeg ass hien nees fräi, däerf awer Spuenien net verloossen.
De Guy Helminger, dee wéi den Akhanli zu Köln lieft, gesäit dee laangen Aarm vun der tierkescher Regierung hannert där Verhaftung. Iwwer Fuerderungen un d'Politik an d'Soldaritéit vun de SchrëftstellerInnen schwätzt den Guy Helminger um Mikro vum Valerija Berdi.