arrow_back_ios
Kultur
De Bestsellerauteur Paulo Coelho kritt 70 Joer
Mam Roman "L'Alchimiste", am Original "O Alquimista" gouf de brasilianeschen Auteur Paulo Coelho weltbekannt. Hie gehéiert zu deenen zéng Schrëftsteller, déi weltwäit déi meeschte Bicher verkafen. Haut kritt de brasilianesche Literaturstar 70 Joer. Fir hien ass d'Schreiwen net nëmmen do, fir Suen ze verdéngen, mä ass de Wee, sech selwer ze fannen, mengt den Auteur, dee fir seng Lieser scho bal eng Zort "Guru" ass. E Portrait vum Jean Claude Majerus.