Kultur
The Honeymoon Killers: e Kultfilm vum Leonard Kastle
Am Kader vun hirer Summer-Retrospektiv "Take Two!" weist d'Cinemathéik "The Honeymoon Killers" vum Leonard Kastle: en absoluten OVNI, e One-Film-Wonder, en ikonoklastesche Kultfilm. E baséiert op där authentescher Geschicht vun de "Lonely Hearts Killers" a stellt e couragéierte Choix vun de Leit aus der Cinemathéik duer, fir d'Variante vun der Mäerderkoppel an hirem "Abécédaire des couples et duos au cinéma" net duerch dee wesentlech méi offensichtlechen "Bonnie and Clyde" vum Arthur Penn z'illustréieren. Eng rarissime Geleeënheet, fir dëst Wierk um groussen Ecran ze gesinn, mengt d'Cléo Thoma.