Aktuelles
International Etude iwwert Fraen an der Politik
Den Undeel vun de Fraen an der Politik ass an de leschte Joren an d'Luucht gaangen. Dat geet aus enger internationaler Etude vun der Interparlamentarescher Unioun ervir, enger Organisatioun, an där iwwer 170 national Parlamenter vertruede sinn. 1995 waren an de Parlamenter am Duerchschnëtt ronn 11 Prozent Fraen. Haut läit déi weltwäit Moyenne bei iwwer 23 Prozent. Lëtzebuerg kënnt am internationale Verglach hannert dem Südsudan op déi 52. Plaz. Hei am Land stagnéiert d'Entwécklung an dësem Beräich, bedauert d'Anik Raskin, Spriecherin vum nationale Fraerot um Mikro vum Armanda Scheuer.