arrow_back_ios
Kultur
"A tribute to Ad Reinhardt" ë. a. vum Olav Westphalen am Mudam
Den Ad Reinhardt war en amerikaneschen Moler, dee Mëtt der 1950er Jore mat sengen abstrakte minimalistesche Peinturë fir vill Gespréich gesuergt huet. Am Mudam kënnt Dir - mam Ad Reinhardt - Konscht "gutt kucke léieren", an zwar net via seng abstrakt Konscht, mä iwwert seng Illustratiounen. Doriwwer hate mir den 9. August bericht. Fir deem Ganzen en aktuellen Touch ze ginn, hu sech d'Curateuren nach eppes Besonnesches afale gelooss. Explikatioune vum Kerstin Thalau.