Blue Note
Cameron Graves & Jimmy Greene
"Planetary Prince" beim Label Mack Avenue ass den Debut Album vum Cameron Graves. En original an erfrëschende Piano-Jazz CD. Mä den Horn Sextett ass net z'ënnerschätze mat enger dynamescher Approche an de Kompositioune vum Graves.
Den zweeten CD-Tipp kënnt vum Jimmy Greene a säin neien Opus heescht "Flowers - Beautiful Life" Vol 2, beim Label Mack Avenue. Fir de Saxophonist a Komponist Jimmy Greene huet seng Duechter Ana als Inspiratioun gedéngt. D'Meedchen ass duerch en tragescht Accident gestuerwen.
Agenda vun den Jazzfestivalen an den Nopeschlänner.
Presentéiert vum Manuel Ribeiro.