arrow_back_ios
Kultur
Gone With The Wind, mam Vivien Leigh a Clark Gable
Wann ee schonn, sou wéi d'Cinemathéik dëse Summer, eng ganz Retrospektiv ënnert dem Zeeche vun der Koppel proposéiert, dann duerf déi legendär Kombinatioun Scarlett O'Hara-Rhett Butler oder Vivien Leigh-Clark Gable, net feelen. Rieds geet natierlech vum Monumentalfilm "Gone With The Wind". Technicolor, en Top-Bestseller als Virlag, mythesch Repliquen, grouss Gefiller, riseg Dekoren, Iwwerlängt, ... t'ass alles grouss drun. Hollywood, quoi. D'Cléo Thoma erënnert.