arrow_back_ios
Kultur
Projet Nomade goes urban
De klenge Kollektiv ass fir dës Editioun sesshaft am Kasemattentheater ginn an huet op eng aner Aart a Weis Bewegung geschaf. D'Equipe ass ee Mount laang ëm d'Haiser zu Bouneweg gezunn, huet un Diere geklappt, an ass op der Strooss mat ganz ënnerschiddleche Leit an d'Gespréich komm. An dat ëmmer ouni ze wëssen, wat si erwaart. Aus dëser Approche ass eng Zort Kenneléiertheaterspill entstanen. D'Anne Schaaf huet sech de Projet ugekuckt.