Kultur
Kooperatioun vun de Muséeën um Schlossplatz Saarbrécken
Um "Schlossplatz" zu Saarbrécken fënnt ee quasi niefteneen déi bedeitendst Muséeën aus dem Saarland. Et sinn den historesche Musée Saar an d'Fondatioun Saarländischer Kulturbesitz mat der "Alte Sammlung" vum Saarlandmusée an de Musée fir Vir- a Fréigeschicht. Dës Institutioune wëllen elo zesummen ee gemeinsamt Ziel suivéieren, eng Kooperatioun tëscht de Muséeën. Sënn an Zweck ass awer net d'Uniformitéit vun dëse Muséeën, mä genee de Contraire: d'Diversitéit vun der Offer soll gestäerkt ginn. Weider Detailer vum Jean Claude Majerus.