arrow_back_ios
Aktuelles
Weider syresch Flüchtlingen aus der Tierkei ukomm
Am Kader vum Relokalisatiouns-Accord tëscht der Europäescher Unioun an der Tierkei huet Lëtzebuerg weider 43 syresch Flüchtlingen opgeholl. 20 Erwuessener an 23 Kanner sinn d'lescht Woch zu Lëtzebuerg ukomm. Si kruten de Flüchtlingsstatut a ginn elo ënnert anerem vum Olai encadréiert, fir hir Integratioun hei am Land méi einfach ze maachen. Den Direkter vum staatlechen Integratiouns-Service Olai, den Yves Piron mat Detailer um Mikro mam Armanda Scheuer.