arrow_back_ios
Kultur
De Papp vun der Comedy Jerry Lewis ass dout
Et ass sécher net falsch, den amerikaneschen Entertainer, Acteur, Sänger a sozial engagéierte Mënsch Jerry Lewis Papp vun der Comedy ze nennen. Hien huet mat senger Slapstick-Konscht ouni Zweiwel Generatioune vu Komiker beaflosst. Gëschter Owend (20.8.) koum d'Nouvelle, datt den Amerikaner hiren ieweschte Clown, den Jerry Lewis am Alter vun 91 Joer gestuerwen ass. De Jean Claude Majerus erënnert un de weltberühmte Grimasseschneider.