Kultur
De Jean-Jacques Sempé
"Le petit Nicolas" huet de franséischen Zeechner weltbekannt gemaach. Eng Figur, déi de Sempé zesummen mam 1977 verstuerwenen Auteur René Goscinny erfonnt hat. Eng weider Figur, déi dem Sempé säi Liewe markéiert huet, ass déi vum Velosverkeefer Raoul Taburin. An domat verbonnen och en aussergewéinleche Cadeau, fir dem Jean-Jacques Sempé säi 85 Anniversaire, deen haut ass. De jonke franséische Realisateur Pierre Godeau huet dem Sempé säi Raoul Taburin verfilmt, mam Komikerduo Benoît Poelvoorde an Edouard Baer an den Haaptrollen. De Jean Claude Majerus mat Detailer.