arrow_back_ios
Kultur
Berliner Studente restauréiere Fotoen am CNA
Zwou Woche laang ware Studente vun der "Hochschule für Technik und Wirtschaft Berlin", Sektioun "Konservierung/ Restaurierung/ Grabungstechnik", fir e Foto-Restauratiouns-Stage am CNA zu Diddeleng. Zënter 2010, also zënter enger éischter erfollegräicher Zesummenaarbecht, besteet tëscht Héichschoul an CNA e Cooperatiounsvertrag. D'Kerstin Thalau wollt gewuer ginn, wat d'Studenten zu der Vakanzenaarbecht motivéiert.