Kultur
D'Film- an Televisiounproduktiounentreprise UFA kritt 100 Joer
Virun 100 Joer gouf zu Berlin eng Firma gegrënnt, där hire Firmelogo zu engem Synonym fir d'Dreem um groussen Ecran gouf, Rieds geet vun der Universum-Film- und Aktiegesellschaft oder besser bekannt, der UFA. D'UFA-Filmer oder d'UFA-Schauspiller stounge fir e perfekte Kino-Amusement. Mä dernieft steet d'UFA och an der Nazi-Zäit fir Propaganda, Massekonscht an Massemanipulatioun. Haut ass d'UFA d'Markenzeeche vun der gréisster däitscher Film- an Televisiounsgesellschaft, an d'Geschicht vun der UFA geet vum Kultfilm "Der blaue Engel" bis bei d'Televisiouns-Soap "Gute Zeiten, schlechte Zeiten". Explikatioune vum Jean Claude Majerus.