arrow_back_ios
Kultur
John Bailey, neie President vun der Oscar-Academy
No de ville Kritiken an Diskussiounen an de leschte Joren huet d'Academy of Motion Pictures Arts an Sciences mam Kameramann John Bailey en neien President gewielt. Eng vun den Haaptmissiounen, déi op den John Bailey duerkënnt, ass "diversify", dat heescht, datt déi renomméiert Academy, déi all Joer fir d'Oscare responsabel ass, soll vill méi diversifiéiert zesummegesat ginn, an datt virun allem méi Fraen an Afroamerikaner solle Member ginn. Detailer vum Jean-Claude Franck.