Radioen

On air

Notturno  |  Wilco - You Are My Face

play_arrow Live
arrow_back_ios

Album vun der Woch

Seelen huet e Kënschtlernumm besser bei eng Musekerin gepasst, wéi Bedouine bei d'Azniv Korkejian. An neen: hiren neie Release, dee schlicht an einfach hiren Numm dréit, ass net Album vun der Woch, wëll si aus Aleppo kënnt - mä well en iwwerzeegt. An dofir direkt nach emol déi béid Adjektiver schlicht an einfach, kombinéiert mat lëfteg an awer intensiv, onopgereegt an trotzdeem spannend, roueg an onrouegen Zäiten, e bëssi Hippie, deen op Folk trëfft, akustesch Gittaren, deene d'Begleedung vun dezente Straicher- a Bléiserarrangementer gutt stinn.

De Matthew E. White als Mentor

Resuméiert: schéin ass en, den Album vun där Fra, déi mat armeneschen Elteren fir d'éischt a Syrien an duerno a Saudi-Arabien gelieft huet, duerch eng Green Card an d'States koum, dono x Statiounen, zur Zäit zu L.A. lieft ... an déi do e Mann begéint huet, deen iwweraus wichteg fir hir Karriär gouf: de Matthew E. White. D'Bedouine hat dem Museker aus Virginia eent vun hire Lidder, "One Of These Days" gemailt ... ob dat dann näischt fir deem säi Label "Spacebomb Records" wier. De Matthew E. White huet wuel vill vu sengem eegene Sound am Lidd erkannt, stellt der Bedouine seng Band ronderëm den Trey Pollard zur Dispositioun a bréngt den Debutalbum scho bal logescherweis op sengem Label eraus.

Bedouine meets White deemno - et geet Rieds vu waarme wäissem Soul bei béiden, vun doucen a verdreemte Pop-Ausflich, liichtem Westcoast, et falen Nimm wéi Nick Drake oder Neil Young an Joni Mitchell an hiren Ufanksdeeg. Déi nei Heemecht vum Azniv Korkejian huet och Spure vu Country a Folk hannerlooss ... mä seelen huet eng Net-Amerikanerin all dës Elementer esou "charmant" - de britesche Guardian huet et esou formuléiert - zesummegedroe wéi d'Bedouine, dat doriwwer eraus Hektik, Stress an d'Liewen op der Iwwerhuelspuer aus hirer Musek eliminéiert huet.

D'Bedouine kéiert dat Bannescht, dat wat si erlieft huet, no baussen - hir Odyssee aus Syrien bis a Kalifornien an de Bléck zréck op eng Heemecht, déi si als Kand nach a voller Bléi matkritt huet, sinn ouni Zweiwel fir déi eng an aner Textiddi eng net onbedéngt erwënschten, an dach reell Inspiratioun gewiescht. Si selwer schwätzt vun "challenges for myself".

Nice And Quite

Mat hirem Debutalbum an der Ënnerstëtzung vum Matthew E. White kéint d'Bedouine eng Musekskarriär un d'Rulle kréien, déi villverspriechend kléngt. A si kéint deen Job opginn, dee si zur Zäit ausüübt. Si schafft an engem Tounstudio - sou wäit esou gutt. An engem Tounstudio, wou si d'special Effects an allerhand Gimmicks op den Tounspuere fir Videospiller zesummestellt ... fir déi nach méi hektesch, spektakulär an opgedréint ze gestalten. Kaum ze gleewen, wann een déi zéng Lidder vum Album, alles Eegekompositioune, lauschtert. "Nice and Quite" heescht iwwregens den éischten Titel. Schéin a lues, genee ...

Presentéiert vum Fred Medernach.

Episoden

Laughing - Because It's True

Laughing - Because It's True

Laughing ass eng Supergroup aus Kanada, mat Membere vun Nap Eyes, Monomyth, Human Music a Fountains.
headphones

7 min

play_arrow

Loma - How Will I Live Without A Body

Am verschneiten engleschen Dorset ass den drëtten Album vum texaneschen Trio Loma entstanen. "How Will I Live Without A Body“ ass d‘Aarbecht vun enger Band, déi drop an dru war, ausernaner ze briechen.
headphones

10 min

play_arrow
Zsela - Big For You

Zsela - Big For You

Op hirem Debutalbum “Big For You” verbënnt déi amerikanesch Musekerin Zsela e Mix aus RnB an Indierock mat intimen Texter iwwer d’Léift.
headphones

10 min

play_arrow

Dumbo Tracks - Move With Intention

Eng eklektesch a kollaborativ Pop-Plack, déi mat ville Gaaschtmuseker:innen zu Köln entstanen ass.
headphones

7 min

play_arrow
John Grant - The Art of the Lie

John Grant - The Art of the Lie

Dee fréieren The Czars-Frontmann John Grant verschafft op sengem emouvanten neien Album "The Art of the Lie“ seng komplizéiert Bezéiung zu sengen Elteren – an zu senger Heemecht USA.
headphones

10 min

play_arrow
Bat For Lashes - The Dream Of Delphi

Bat For Lashes - The Dream Of Delphi

Deen neien a mëttlerweil sechsten Album vun der brittescher Kënschtlerin Bat for Lashes, op deem si hir nei Mammeroll mat duussen Ambientkläng illustréiert.
headphones

5 min

play_arrow
Richard Hawley - In This City They Call You Love

Richard Hawley - In This City They Call You Love

Op sengem neien Album "In This City They Call You Love“ setzt de Songschreiwer Richard Hawley senger Heemechtstad Sheffield e musikalescht Denkmal.
headphones

10 min

play_arrow
La Luz - News of the Universe

La Luz - News of the Universe

La Luz erkämpfe sech d‘Onbeschwéiertheet vu Plack zu Plack méi haart.
headphones

6 min

play_arrow
Beth Gibbons - Lives Outgrown

Beth Gibbons - Lives Outgrown

D‘Beth Gibbons kennt een als Stëmm vun der 1990er Band Portishead. Mat "Lives Outgrown“ stellt si hiren éischte Solo-Album vir.
headphones

10 min

play_arrow
Charlotte Day Wilson - Cyan Blue

Charlotte Day Wilson - Cyan Blue

Op hirem neien Album “Cyan Blue” entdeckt d’Charlotte Day Wilson nees d’Kand a sech selwer a presentéiert een eklektesche Mix aus Balladen an RnB.
headphones

8 min

play_arrow
Jessica Pratt - Here In the Pitch

Jessica Pratt - Here In the Pitch

Fir hire véierten Album huet déi amerikanesch Singer-Songwriteren eng Schëpp drop geluecht.
headphones

5 min

play_arrow
Bullion - Affection

Bullion - Affection

Den neien Album vum Produzent Nathan Jenkins.
headphones

11 min

play_arrow
Lucy Rose - This Aint The Way You Go Out

Lucy Rose - This Aint The Way You Go Out

Krankheet an Ongewëssheet dominéieren den néie Lucy Rose Album “This Ain’t The Way You Go Out”, mee et ass d’Hoffnung, déi sech hei duerchsetzt.
headphones

6 min

play_arrow
Pharrell - Black Yacht Rock Vol.1

Pharrell - Black Yacht Rock Vol.1

Schwaarze Yacht Rock, wat soll dat da sinn?
headphones

7 min

play_arrow
Jane Weaver - Love in Constant Spectacle

Jane Weaver - Love in Constant Spectacle

Wann sech eng erfuere Songschreiwerin wéi d‘Jane Weaver an e renomméierte Produzent wéi den John Parish zesummen dinn, kann d‘Resultat nëmme spannend ginn.
headphones

11 min

play_arrow
Waxahatchee - Tigers Blood

Waxahatchee - Tigers Blood

Tëschent Country a Folkrock kënnt déi amerikanesch Indiekënschtlerin Waxahatchee op “Tigers Blood” an hirem neie Liewen un.
headphones

5 min

play_arrow
Francis of Delirium - Lighthouse

Francis of Delirium - Lighthouse

Indierock made in Luxembourg: de laang erwaarten Debutalbum vu Francis of Delirium verbënnt 90s-Grunge mat jugendlecher Romantik.
headphones

10 min

play_arrow
Klaus Johann Grobe - Io Tu Il Loro

Klaus Johann Grobe - Io Tu Il Loro

De Schwäizer Duo liwwert déi Kéier manner Discostëmmung, mee méi Melancholie. Trotzdeem gëtt nees gelaacht a gedanzt!
headphones

5 min

play_arrow
Say Yes Dog - "Dräi"

Say Yes Dog - "Dräi"

Melancholie op der Danzpist
headphones

5 min

play_arrow
Hurray For The Riff Raff - The Past Is Still Alive

Hurray For The Riff Raff - The Past Is Still Alive

Op "The Past Is Still Alive“ reest Hurray For The Riff Raff zeréck an d‘Jugend. Ënnermoolt gëtt dat Ganzt vu perfektem Americana-Sound.
headphones

8 min

play_arrow