Kultur
Ass FKK um Enn?
Déi sougenannte "Freikörperkultur", dat heescht plakeg op der Plage ze sinn, an och esou wéi de Mënsch erschaf gouf, schwammen ze goen, huet an der fréierer DDR zum Alldag a besonnesch och zu der Summervakanz gehéiert. Elo gëtt ëmmer méi am Osten gefuerdert, FKK nees méi ze promovéieren an auszebreeden. Wat jo einfach misst sinn, haut an enger Zäit, wou de plakege Kierper op der Televisioun, an der Publicitéit oder online einfach dozou gehéiert. Mä de Contraire ass de Fall: FKK entwéckelt sech net weider. Hannergrënn vum Jean Claude Majerus.