Radioen

On air

Concert  |  La harpe fantastique

play_arrow Live
arrow_back_ios

Metal Meltdown

100komma7.lu / Metal Meltdown

/ Crucify The Faith

Crucify The Faith

headphones

60 min

Lauschteren play_arrow
on the headlines

Release vun der Woch: Crucify The Faith - New Breed (6,5/10)

Ech sot ech géif an Zukunft och bësse méi onbekannte Gruppe virstellen. An domat fänken ech elo mat der finnescher Band Crucify The Faith un. Dat si fënnef jonk Mënsche vu Vantaa a Finnland, déi eng Zort Metalcore maachen. A wann ee fir eng éischte Kéier an hir nei EP eralauschtert, déi Enn Februar erauskoum a sech "New Breed" nennt, da mierkt een och direkt, vu wou si hiren Haaptafloss huelen, si kléngen nämlech zimlech no Bullet For My Valentine.

Leider mierkt een dann awer och direkt, wou der Band hire Schwaachpunkt läit, dat ass ganz kloer de Gesang. Do feelt et definitiv u Sécherheet a Power hannendrun. De Sänger probéiert zwar säi Bescht fir aggressiv ze kléngen, mä bei de cleane Vocals kënnt hie leider just esou eriwwer, wéi e klenge motzege Jong.

En décke Pluspunkt gëtt et awer fir der Band hiren Ëmgang mat hiren Instrumenter. Och wann net ëmmer alles 100 Prozent tight kléngt, gëtt et dach vill Passagen, bei deenen ee mierkt, datt d'Musiker Talent an zum Deel eng kleng virtuos Oder hunn.

De Songwriting generell ass och guer net mol sou schlecht. D'Lidder hunn all Kapp a Schwanz a genuch Dynamik an och Momenter, déi et fäerdeg bréngen, een trotz de Schwaachpunkten ze paken.

Iwwert d'EP als Gesamtwierk kann een dofir och soen, datt déi fënnef Lidder zwar wuel ënnerschiddlech sinn, mä datt een awer bei all Lidd erëmerkennt, datt et nach ëmmer déi selwecht EP ass, an net eng Playlist aus vill verschiddene Lidder vun ënnerschiddleche Bands.

D'Band huet definitiv Potential, Verbesserunge kënnen awer nach a Punkto Produktioun a Gesang gemaach ginn.

Playlist


At The Gates - Cold (Slaughter Of The Soul; Earache; 1995)
Obituary - A Lesson In Vengeance (Obituary; Relapse; 2017)
Cut Up - Vermin Funeral (Wherever They May Rot; Metal Blade; 2017)
Avatar - New Land (Feathers & Flesh; Entertainment One; 2016)
Crucify The Faith - New Breed (New Breed; Independant; 2017)
The Silent Wedding - Silence (Enigma Eternal; FYB Records; 2017)
Hate - Asuric Being (Tremendum; Napalm; 2017)
Mastodon - Andromeda (Emperor Of Sand; Roadrunner; 2017)
Inzest - Murderer (Single; Independant; 2016)
Kitshickers - Birth. Early Years. Void. (III; Independant; 2016)

Episoden