arrow_back_ios
Kultur
"How to look at" Ad Reinhardt am Mudam
Den amerikanesche Kënschtler Ad Reinhardt ass duerch seng "Black Paintings" e Begrëff ginn: op rechteckeg Toillen huet de Reinhardt an den 1950eger schwaarz Kräizer gemoolt a se nach emol schwaarz iwwerdeckt, sou datt d'Detailer just bei geneeër Observatioun opgefall sinn. Mam Ad Reinhardt gutt kucke léieren, awer mat Hëllef vu sengen Illustratiounen, ass eng Mudam-Summer-Aktioun. Explikatioune vum Kerstin Thalau.