arrow_back_ios
Klassik aktuell
Dräi Dirigenten a 50 jonk, motivéiert Museker
Aus der Belsch, Däitschland a Lëtzebuerg kommen all Joers jonk Museker tëschent 14 an 21 Joer zesummen, fir an engem sinfonesche Blosorchester ze spillen. Dräi Dirigente betreien d'Prouwen zu Kyllburg an der Eifel, ier et duerno op eng kleng Concertstournée duerch Däitschland a Lëtzebuerg geet. Wéi gesäit den Alldag vun de jonke Museker aus? A wat steet bei de Concerten alles um Programm? De Luc Boentges huet mat den Dirigenten Daniel Heuschen a Jean Thill geschwat.