arrow_back_ios
Aktuelles
Aarbechten op der Zuchstreck Lëtzebuerg-Beetebuerg
Bis d'Joer 2022 wäert ee vun de groussen Eisebunnschantercher daueren. D'Zuchstreck Lëtzebuerg-Beetebuerg ass komplett iwwerlaascht, an aus deem Grond gëtt op enger Längt vu ronn siwe Kilometer een neien Tracé gebaut, parallel zu der aler Streck. Explikatiounen iwwer d'Aarbechte gëtt d'Christiane Stemper vum Service Projets Infrastructure vun der Eisebunn um Mikro vum Gilles Wunsch.