arrow_back_ios
Kultur
Adam's Rib, mat der Katherine Hepburn an dem Spencer Tracy
"Take Two! Abécédaire des couples et duos au cinéma" heescht et dëse Summer an der Cinemathéik. D'Konzept vum Zweefachen trëtt jo an allerlee Erscheinungsformen am Kino op, a gëtt dann och op all erdenklech Manéier an dëser verspillter Retrospektiv, queesch duerch d'Filmgeschicht, gewisen. An "Adam's Rib", vum George Cukor, ass et eng Koppel, um Ecran grad wéi och am richtege Liewen. D'Cléo Thoma informéiert.