Kultur
Neymar-Transfert: Wou bleift d'Moral?
A Frankräich gouf dëse Weekend de Futtballschampionnat an der "Ligue 1" lancéiert. Zu Paräis gouf e Samschdeg awer manner op den éischte Match vun der Saison vum Paris Saint-Germain gekuckt. Am Mëttelpunkt stoung de brasilianesche Futtballspiller Neymar Junior, deen e Samschdeg an engem komplett ausverkaafte Parc des Princes offiziell presentéiert gouf. De Neymar, mat 222 Milliounen Euro bis ewell deiersten Transfert an der Futtballgeschicht. E Transfert, deen ethesch a moralesch Froen matsechbréngt, op déi den däitsche Sportpilosoph Elk Franke probéiert Äntwerten ze fannen. Detailer mam Jean Claude Majerus.