Kultur
Gare Art Festival 2017
Bei der 17. Editioun dierf ee scho vun engem traditionelle Summerevent schwätzen, deen op der Stater Gare iwwert d'Bühn geet: de Gare Art Festival. Zënter 17 Joer kënnen d'Leit Konschtwierker bewonneren, déi op der Gare an der Stad entstane sinn. Dëst Joer sinn et sechs Artisten, déi hiert Kënne weisen. Dat zweet Joer hannertenee ass de Lehm d'Material, dat an de Skulpture verschafft gëtt. Vun haut un, an nach bis den 21 September, sinn déi fusch-nei kreéiert Skulpturen ënnert der Verrière op der Stater Gare ze bewonneren. Detailer vum Jean-Claude Majerus.