Kultur
E Biopic iwwert den Ötzi
Um Filmfestival vu Locarno feiert "Iceman", e Biopic iwwert den Ötzi, mam Jürgen Vogel an der Haaptroll, seng Weltpremière. 8000 Leit op der Piazza Grande, fir deen éischte bekannte Kriminalfall aus der europäescher Geschicht op engem groussen Ecran ze kucken. Elleng d'Kuliss vun dësem spannenden Drama, dee - wéi mer wëssen - fir den Haaptbedeelegte schlecht ausgeet, ass grandios. Gefilmt gouf op Gletscheren a Südtirol, Süddäitschland an Éisträich. Interview mat de Co-Produzente vun Amour Fou Vienna vum Film, der Bady Minck an dem Alexander Dumreicher-Ivanceanu vum Cléo Thoma.