arrow_back_ios
Kultur
Filmkritik: Baby Driver vum Edgar Wright
Mir si matzen an engem am Fong fade Kinossummer, deen an der Reegel mat net besonnesch gelongenem Auteurekino a Blockbuster oplauert. Wann een en Auteur emol awer e wierklech kreative Blockbuster maache léisst, da geet een och emol bei héijen Temperature mat Freed an de Kino. Mam Film "Baby Driver" vum Edgar Wright huet den Tom Dockal dat du genee esou mat Freed gemaach.