Kultur
Laache géint d'Leed: de Guillermo Mordillo kritt der 85
"Dee glécklechsten Dag a mengem beruffleche Liewe war deen, wou ech mäin Job verluer hunn!" En Zitat vum argentinesche Kultzeechner Mordillo: seng Bommelnuesemännercher an -Déiere si weltwäit e Begrëff a Kult a misste vill méi dacks gekuckt ginn.
De Guillermo Mordillo feiert säi 85 Gebuertsdag op Invitatioun vu sengen däitschen Editeuren op enger Golfplaz zu Hamburg. Golf a Futtball sinn a sengem liewen an a sengem Wierk wichteg Sujeten.
A säi léifsten Déier, d'Giraffe, wäert deemnächst Haaptpersonnage am Zeechentrickfilm an an enger Televisiounsserie sinn. Hire Géigespiller gëtt en Dausendféissler, an de Mordillo selwer ass ganz gespaant, well déi éischte Kéier iwwerhaapt kréie seng Déiere Wierder an de Mond geluecht, fir den Animatiounsfilm "Crazy Island".
D'Nathalie Bender mat engem Portrait.