arrow_back_ios
Klassik aktuell
En Operendebut, d'Pai vun Dirigenten an eng Spendenaktioun
De Mariss Jansons hat säin Operendebut bei de Salzburger Festspiele.
Am Duerchschnëtt verdéngt e Chefdirigent vun engem groussen Orchester ronn 570.000 Dollar d'Joer. Top-Verdénger ass de Riccardo Muti mat enger Pai vun 2.776.869 Dollar.
Duerch eng Opféierung vum Giuseppe Verdi sengem Requiem konnten iwwer 40.000 Pond fir d'Affer vum Feier am Grenfell Tower gesammelt ginn.
De Kammerorchester vu Santa Barbara gëtt wéinst finanzielle Problemer opgeléist.