arrow_back_ios
Kultur
"Fusion2Art" um FFYS: den Duo Robert Frankle a Catherine Duboutay
headphones
7 min
Lauschteren
play_arrow
Um Food-for-your-senses-Festival, ugangs August um Kierchbierg, spillt d'Musek déi éischt Gei. Mä fir d'Organisateure war et schonn ëmmer wichteg, all eis Sënner ze fidderen, sou datt déi plastesch Konscht um FFYS och ni ze kuerz kënnt. Fir dës Editioun hu si sech eppes Besonnesches afale gelooss: jonk a confirméiert Kënschtler schaffen am Binom un engem gemeinsame Projet, dee si um Festival presentéieren. D'Kerstin Thalau stellt eng Rei Duoe vir: de Robert Frankle an d'Catherine Duboutay.