arrow_back_ios
Klassik aktuell
Paganini-Festival zu Genua
headphones
3 min
Lauschteren
play_arrow
Genua, d'Gebuertsstad vum Niccolò Paganini, plangt fir den Oktober ee Paganini-Festival. Et ass deen éischte Festival, deen un den Teufelsgeiger erënnert. D'Manifestatioun soll eng Zort Warm up fir de Premio Paganini, den internationale Geie-Concours vun 2018, sinn. De Festival dauert dräi Deeg a proposéiert 9 Concerten, bei deenen den Entrée fräi ass. Während dem Festival trieden och Laureaten vum Premio Paganini op.