Kultur
Creatives Garage am Kenia
9 min
Den Applaus vum Publikum ass dem Artist säi Brout - sou oder ähnlech kann een et nennen, wann kreativ Käpp no Unerkennung sichen, wann si gär hätten dass hiert Wierk - egal wéi eng Kreatioun et ass - gesi gëtt. Huet de Createur keng Plaz wou en dat wat e geschaaft huet ka weisen oder zougänglech maachen ass d'Gefoer vu Frustratioun ginn. De Manktem u Plattform war fir d'Liz Kilili den Ausgangspunkt fir Creatives Garage ze grënnen - eng Plattform déi elo schonn zanter 2011 evoluéiert an engen 7000 Kreativen Méiglechkeet gëtt ze weisen wat si erschafen.