arrow_back_ios
Kultur
Cannes, Berlin, Venedeg... Locarno!
headphones
5 min
Lauschteren
play_arrow
Dichteg Filmfestivaler halen d'ganzt Joer am Rhythmus: de Sundance an d'Berlinale am Wanter, Cannes am Fréijoer, Venedeg an Toronto am Hierscht, fir mol nëmmen déi berühmtsten ze nennen. Am Summer awer, ass ee vun deene schéinsten, eng rar Pärel, déi een authentesch cinéphile Public héich an Éieren hält: Locarno. Dëst Joer vum 2. bis den 12. August, a fir 70. Kéier.