Kultur
Vu Punkten a Pixelen: ´Reflets d'artistes´ op der Cap
´Reflets d'artistes´ ass en Ausstellungscycle an der ´Galerie op der Cap´ zu Capellen, bei deem d'Aarbechte vu confirméierten Artisten a jonken Talenter gemeinsam presentéiert, jo konfrontéiert ginn. Fir déi éischt Editioun 2016 si just 2 jonk Kënschtlerinnen invitéiert ginn, d'Sandra Biwer an d'Néckel Scholtus, ënner anerem well hier Wierker scho genuch Reflets-Potential hunn. Fir di Iddi vum Austausch tëscht Generatiounen awer och ze ënnerstëtzen, hunn d'Néckel Scholtus an d'Sandra Biwer d'Kanner aus der lokaler Maison Relais an d'Galerie op der Cap invitéiert, a Konschtateliersen op hier Expo ze réagéieren. D'Kerstin Thalau am Gespréich mat der Fotografin Néckel Scholtus.