Kultur
De Kreateur vum "Latin Rock" kritt 70 Joer
De Musekgenre "Latin Rock" ass aus dem Verschmëlze vu Rockmusek a latäinamerikanesche Rhythmen entstanen. Beim "Latin-Rock" gi Rockinstrumenter mat Perkussiounsinstrumenter, a ganz dacks och fir latäinamerikanesch Musek typesch Pianos-Riffe matenee kombinéiert. De Kreateur vum "Latin Rock" huet haut (20.7.) Gebuertsdag. Et ass de Museker a Gittarist Carlos Santana, deen dëse Museksgenre Enn de 1960er Joren kreéiert an domat déi ganz Rockmusek markéiert huet. De Santana feiert haut op den Dag säi 70. Anniversaire. De Jean Claude Majerus mat engem Portrait iwwert d'Gittare-Legend.