arrow_back_ios
Kultur
De Revisör - Fräiliichttheater zu Groussbous
Et ass all zwee Joer e feste Rendez-vous am Kultursummer, de Fräiliichttheater vun der ASBL Schankemännchen zu Groussbous. Dëst Joer steet dem Dramatiker mat ukraineschen Originnen Nikolai Gogol säi Klassiker "De Revisör" op der Affiche. An Lëtzebuergescht iwwerdroen an inzenéiert vum Claude Mangen. E Stéck, dat bal méi aktuell haut ass, wéi deemools. Korruptioun Gurmangsegkeet, Suen, déi verontreit ginn, eng batterséiss Kritik u Politik a Gesellschaft. De Jean Claude Majerus am Gespréich mam Claude Mangen.